Komm, ech trainéieren!
d’Theorie

D’Konditioune fir ze wielen

Erfëllt Dir all d’Krittäre fir wielen ze goen?

Hutt Dir um Waldag 18 Joer?
(Opgepasst: Dir musst net 18 Joer hu vir Iech op der Wallëscht anzeschreiwen.)
Dir kënnt net wiele wann Dir …
  • nach net 18 Joer um Waldag hutt
  • net zu Lëtzebuerg wunnt
  • Net-Lëtzebuerger sidd an net op der Wielerlëscht ageschriwwe sidd
Wonnerbar!
Dir erfëllt all d’Konditioune fir bei de Gemengewalen ze wielen!
wousst dier?

Opgepasst, Dir kënnt Iech entweder an Ärer Gemeng oder online op d'Wielerlëscht aschreiwen.

Online aschreiwen

Gewalten & Kompetenzen

D’Groussherzogtum Lëtzebuerg ass an 102 Gemengen opgedeelt.

D’Gemeng huet d’Autoritéit seng eegen Organer ze geréieren:

  • säi Patrimoine
  • säi Territoire
  • seng Intressien
Carte luxembourg
Wéi funktionéiert eng Gemeng?

All Gemeng huet e Gemengerot, de vun de Wieler an der Gemeng fir ee Mandat vu 6 Joer gewielt gëtt.

Di deeglech Gestioun vun der Gemeng assuréiert de Schäfferot, den aus dem Buergermeeschter an de Schäffe besteet. De Schäfferot gëtt vum Gemengerot gestallt a constituéiert d’Exekutiv an de Chef vun der kommunaler Administratioun.

Andeems Dir un de Gemengewalen deelhuelt huet Äre politesche Choix een Afloss op d’Kompositioun vum Gemengerot an Ärer Gemeng.

Den Handlungsberäich vun der Gemeng definéiert sech duerch obligatoresch Missiounen, di an der Constitutioun an am Gesetz festgeluecht sinn, an duerch fakultativ Missiounen, di fräi op Decisioun vun de kommunalen Autoritéiten de Bierger offréiert ginn, ouni dass d’Gesetz et verlaangt. Dës fakultativ Kompetenzen si generell Saachen di nëtzlech oder agreabel fir d’Bierger sinn, mee di net wesentlech sinn. D’Gemengen kënnen se ëmsetzen, wann si di finanziell Mëttelen dofir hunn.

Obligatoresch Missiounen*
  • D’Gemengeplanung
  • D’Versuergung vun der Populatioun mat Drénkwaasser
  • D’Gestioun vum Hausoffall a vum organeschen Offall
  • De Bau an den Ënnerhalt vun de Gemengestroossen an d’Reglementatioun vum Trafick op dëse Stroossen
  • D’Primärschoul an den ausserschouleschen Encadrement
  • De Familljestand
  • D’sozial Hëllef
  • D’Begriefnisser an d’Gestioun vun de Kierfechter
Fakultativ Missiounen*
  • Subside fir Lycéesschüler
  • Partnerschafte mat Gemengem am Ausland
  • Sports-Terrainen
  • Skate-Pisten
  • Navetten an der Nuecht
  • Jugendhaiser
  • Crèchen
  • Hëllef fir Associatiounen
  • Spillplazen
  • De Bau vu soziale Logementer
*keng vollstänneg Lëscht

De Walsystem

All Wieler huet esou vill Stëmmen wéi et Conseilleren a senger Gemeng ze wiele gëtt.

MAJORZSYSTEM

Gemenge vun < 3000 Awunner

An de Gemengen wou d’Populatioun méi kléng wéi 3 000 Awunner ass, ginn d’Walen no dem System vun der relativer Majoritéit ofgehalen (Majorzsystem). De Wieler wielt andeems en ee Kräiz (+ oder x) an d’Këscht hannert dem Numm vun engem oder méi Kandidate setzt. De Wieler kann nëmmen esou vill Kräizer maache wéi et Kandidaten ze wiele gëtt.

PROPORZSYSTEM

Gemenge vun > 3000 Awunner

An de Gemenge wou d’Populatioun gläich oder méi grouss ass wéi 3 000 Awunner, ginn d’Walen no de Reegele vun der proportionaler Representatioun, iwwer d’Lëschtewal, ofgehalen (Proporzsystem).

De Wieler kann:

- Eng oder zwou Stëmmen un d’Kandidate vu sengem Choix ginn, andeems hien ee Kräiz (+ oder x) an d’Këscht hannert de Numm vun dëse Kandidate mécht. De Wieler ka maximal esou vill Kräizer maachen, wéi et Kandidaten ze wiele gëtt.

ODER

- de Krees ganz uewen op enger Lëscht ukräizen (+ oder x). An dësem Fall gëtt de Wieler automatesch eng Stëmm un jiddwer Kandidat op der Lëscht.

Beispill:

01 MAJORZSYSTEM

Dir wunnt beispillsweis an der Gemeng Flaxweiler mat 2.154 Awunner. D’Wal gëtt dofir no der majoritärer Ofstëmmung gehalen an Dir musst 9 Conseilleren an de Gemengerot wielen. 13 Kandidate stelle sech fir d’Wal op.

An dësem Beispill hutt Dir decidéiert eng eenzeg Stëmm un d’Kandidate vun Ärem Choix ze ginn. Dir hutt d’Méiglechkeet esou vill Stëmmen ze ginn, wéi et Kandidate ze wiele gëtt. (Hei sinn et 9.)

02 PROPORZSYSTEM

Dir wunnt beispillsweis zu Beaufort mat 3.019 Awunner. D’Wal gëtt dofir no der proportionaler Ofstëmmung gehalen an Dir musst 11 Conseilleren an de Gemengerot wielen. An dësem Beispill sinn zwou Lëschte mat 11 Kandidaten déi sech presentéieren.

Wal vun enger Lëscht

An dësem Beispill hutt Dir decidéiert, all Är Stëmmen un di selwecht Lëscht ze ginn, andeems Dir een eenzegt Kräiz an de Krees hannert dës Lëscht gemaach hutt. Domadder hutt Dir automatesch eng Stëmm un all Kandidat vun der Lëscht ginn. Dir kënnt keng weider Stëmm verdeelen.

Nominell Wal

An dësem Beispill hutt Dir decidéiert eng oder zwou Stëmmen un d’Kandidate vun Ärem Choix ze ginn, an dat bis dir keng Stëmm méi iwwreg hutt. (Hei sinn et 11).

Also, ass et kloer fir Iech?
no der Theorie, Plaz fir ze üben!
Ech üben ze wielen!
En Zweiwel?
Zréck op d’Theorie
d’Praxis

Quiz

Sidd Dir prett fir d’Gemengewalen?
Iwwerpréift Äert Wëssen iwwer d’Gemengewale mat dësem Multiple-Choice-Test. (méi Äntwerte méiglech)

D’Gemengewale fannen all 6 Joer statt. Si sinn awer net mat de legislative Walen ze verwiesselen, di all 5 Joer stattfannen!
D’Membere vum Gemengerot, an deem de Buergermeeschter an d’Schäffen si gi gewielt. De Gemengerot designéiert dann ee Buergermeeschter an d’Schäffen
Säit dem Juli 2022 mussen Net-Lëtzebuerger net méi mindestens 5 Joer zu Lëtzebuerg gelieft hu fir d’Walrecht bei de Gemengewalen ze hunn. Elo ka jiddwer Net-Lëtzebuerger vum Ament wou si am Groussherzogtum ukommen un de Walen deelhuelen. Opgepasst, d’Net-Lëtzebuerger mussen sech 55 Deeg virun de Walen op der Wielerlëscht an hirer Gemeng aschreiwen
Eng éischt onerkläert Absence zitt eng Geldstrof vun 100 bis 250 Euro mat sech.
Säit dem Juli 2022 mussen d’Net-Lëtzebuerger net méi op mannst 5 Joer zu Lëtzebuerg gelieft hunn sech als Kandidat fir d’Gemengewalen opzestellen. Et muss een awer scho 6 Méint an der Gemeng gewunnt hunn.
Jo, fir all d’Wieler di op de Wielerlëschten ageschriwwe sinn, ob si Lëtzebuerger, Bierger an der Europäescher Unioun sinn oder aus engem drëtte Land kommen.
Um Gemengenniveau ginn et zwee Walsystemer. Majortzwalen oder Proportzwalen. Wéi ee System a wéi vill Stëmmen Dir hutt, hänkt vun der Unzuel vun den Awunner vun Ärer Gemeng of
Net-Lëtzebuerger hunn d'Méiglechkeet sech vun de Wielerlëschten auszeschreiwen
Froen 01/08
Wéi oft ginn d’Gemengewalen ofgehalen?
Froen 02/08
Ween gëtt bei de Gemengewale gewielt?
Froen 03/08
Wéi eng Konditioun (e) muss een als Net-Lëtzebuerger erfëllen fir wiele kënnen ze goen?
Froen 04/08
Wann ech ageschriwwen sinn, ginn ech sanktionéiert, wann ech net un de Walen deelhuelen?
Froen 05/08
Kann ee Net-Lëtzebuerger Kandidat fir d’Gemengewale ginn?
Froen 06/08
Ass d’Wal obligatoresch?
Froen 07/08
Wéi vill Stëmme kann ech bei der Wal verdeelen?
Froen 08/08
Kann ech mech vun de Wielerlëschten ausschreiwen?
Wow! Net schlecht !
Op dëser Übung kritt Dir e Score vun
09 / 10
Äre Gesamtscore ass
0 / 30
mir ginn op déi nächst Etapp
oder fänke mer erëm un?
ech si sécher dass Dir dat besser maache kënnt!
Op dëser Übung kritt Dir e Score vun
09 / 10
Äre Gesamtscore ass
0 / 30
Nach eng Kéier probéieren oder iwwersprange mer dës Etapp?
d’Praxis

Drag & drop

Kennt Dir d’Ënnerscheeder tëschent de Kompetenze vun der Gemeng a vum Staat?
Verdeelt d’Kompetenzen an d’Urn vun der richteger Instanz:

Uppss ! Falsch Äntwert
Bravo !
Dat ass richteg
Kompetenzen vum Staat
Arméi a Police
Autobunnen
Drénkwaasser
Aarbecht a Beschäftegung
Är Pensioun
Spillplaz
D’Santé
Subside fir Lycée-Schüler
Gesetzer
Eisebunn
Partnerschaft mat enger Gemeng am Ausland
Kompetenzen vun Gemengen
Wow! Net schlecht !
Op dëser Übung kritt Dir e Score vun
09 / 10
Äre Gesamtscore ass
0 / 30
mir ginn op déi nächst Etapp
oder fänke mer erëm un?
ech si sécher dass Dir dat besser maache kënnt!
Op dëser Übung kritt Dir e Score vun
09 / 10
Äre Gesamtscore ass
0 / 30
Nach eng Kéier probéieren oder iwwersprange mer dës Etapp?
d’Praxis

De Stëmmziedel

Wësst Dir wéi Dir bei de Gemengewalen wielt?
Iwwerpréift Äert Wëssen!

Klickt w.e.g. op Är Gemeng a validéiert fir Zougang zum Walziedel ze kréien

Gitt w.e.g. Är Gemeng an a validéiert fir Zougang zum Walziedel ze kréien

est une commune de > 3000 habitants
vous avez accès au vote proportionnel
vous devez élire 15 conseillers communaux
Ech ginn op de Walziedel
Fir de Stëmmziedel vun de Proportzwalen auszefëllen

Kënn Dir:

  • Ee Kräiz (+ oder x) an de Krees ganz uewe vun enger Lëscht setzen an esou all Är Stëmmen un d’Kandidate vun dëser Lëscht ginn

ODER

  • Een oder zwee Kräizer (+ oder x) an d’Këschte hannert d’Kandidate vun enger oder méi Lëschte setzen (“panaschéieren”)
    (Opgepasst, Dir däerft net den Total vun de Stëmmen di dir hutt iwwerschreiden!)
Fir de Stëmmziedel vun de Majorzwalen auszefëllen

Dir kënnt:

  • Ee Kräiz (+ oder x) an d’Këschten hanner d’Nimm vun engem oder méi Kandidate setzen bis dir den Total vun de Stëmmen di Dir vergi kënnt erreecht hutt
Dir hutt nach 0/0 Stëmmen
Lëscht 01
Kandidat 01
Kandidat 02
Kandidat 03
Kandidat 04
Kandidat 05
Kandidat 06
Kandidat 07
Kandidat 08
Kandidat 09
Kandidat 10
Kandidat 11
Kandidat 12
Kandidat 13
Kandidat 14
Kandidat 15
Kandidat 16
Kandidat 17
Kandidat 18
Kandidat 19
Kandidat 20
Kandidat 21
Kandidat 22
Kandidat 23
Kandidat 24
Kandidat 25
Kandidat 26
Kandidat 27
Kandidat 28
Kandidat 29
Kandidat 30
Kandidat 31
Kandidat 32
Kandidat 33
Kandidat 34
Kandidat 35
Lëscht 02
Kandidat 01
Kandidat 02
Kandidat 03
Kandidat 04
Kandidat 05
Kandidat 06
Kandidat 07
Kandidat 08
Kandidat 09
Kandidat 10
Kandidat 11
Kandidat 12
Kandidat 13
Kandidat 14
Kandidat 15
Kandidat 16
Kandidat 17
Kandidat 18
Kandidat 19
Kandidat 20
Kandidat 21
Kandidat 22
Kandidat 23
Kandidat 24
Kandidat 25
Kandidat 26
Kandidat 27
Kandidat 28
Kandidat 29
Kandidat 30
Kandidat 31
Kandidat 32
Kandidat 33
Kandidat 34
Kandidat 35
Lëscht 03
Kandidat 01
Kandidat 02
Kandidat 03
Kandidat 04
Kandidat 05
Kandidat 06
Kandidat 07
Kandidat 08
Kandidat 09
Kandidat 10
Kandidat 11
Kandidat 12
Kandidat 13
Kandidat 14
Kandidat 15
Kandidat 16
Kandidat 17
Kandidat 18
Kandidat 19
Kandidat 20
Kandidat 21
Kandidat 22
Kandidat 23
Kandidat 24
Kandidat 25
Kandidat 26
Kandidat 27
Kandidat 28
Kandidat 29
Kandidat 30
Kandidat 31
Kandidat 32
Kandidat 33
Kandidat 34
Kandidat 35
Mäi Stëmmziedel bestätegen
Wow! Um Wee fir d’Gemengewalen!
Op dëser Übung kritt Dir e Score vun
09 / 10
Äre Gesamtscore ass
0 / 30
Mir roden Iech nach eng Kéier duerch d’Theorie ze goen an d’Übungen nei ze maachen fir Äre Score ze verbesseren.
Nach eng Kéier probéieren
ech si sécher dass Dir dat besser maache kënnt!
Op dëser Übung kritt Dir e Score vun
09 / 10
Äre Gesamtscore ass
0 / 30
Nach eng Kéier probéieren